Info Programmännerungen


22 September 2017

De Veräin deelt mat dass déi zwee nächst Matcher vun eiser éischter Equipe net wéi programméiert statt fannen.



Eise nächste Géigner CS Sanem spillt e Sonndeg 1/32 Finale an der Coupe de Luxembourg. Dofir ass de Chamionnatsmatch géint Berbourg op Donnestes den 28. September verluecht ginn (20h00 am Stade Renert). Berbourg ass deemno e Sonndeg spillfräi.



Sonndes drop sollt Berbourg zu Beles spillen. Den neien Terrain zu Beles ass allerdéngs nach net bespillbar sou dass mir d'Heemrecht mat hinnen getosch hun an dofir elo doheem spillen an d'Réckronn dann zu Beles.





De Programm vun de kommende Matcher:



Freideg 22. September --> US Hostert III - FC Berdenia Berbourg II (20h00 zu Hostert)

Donnesteg 28. September --> FC Berdenia Berbourg - CS Sanem (20h00 am Stade Renert)

Freideg 29. September --> FC Berdenia Berbourg II - Blo-Wäiss Itzig II (20h00 am Stade Renert)

Sonndeg 1. Oktober --> FC Berdenia Berbourg - FC Belval the Belvaux (16h00 am Stade Renert)



Ausserdeem kënnt dir och lo de Spillprogramm vun de Veteranen ennert folgendem Link fannen. Ween nach Loscht huet fir matzespillen ka sech gäre beim Comité mellen. http://www.berdenia.lu/index.php?site=page&id=kader-54062



...an net ze vergiessen: e Mëttwoch 27. September ass d'Generalversammlung um 20h30 zu Berbuerg am Beaurepaire