INFO: Nohuelmatch nach eng Kéier ofgesot


26 February 2018

Wéi d'FLF haut matdeelt, sinn alleguer d'Matcher bis e Mettwoch inclusiv weinst der Keelt ofgesot. Wei och schon e Sonndeg sinn d'Terrain'en weiderhinn knuppenhaart gefruer an onbespillbar.

Domat muss och eisen Nohuelmatch vun e Mettwoch Owend op en Neits verréckelt ginn. Och wann am Pafendall e syntheteschen Terrain zu Verfügung steet, gellt d'Annulatioun vun der FLF och fir de Match géint FC Red Black Egalité 07 Pfaffenthal-Weimerskirch.

Betraff ass awer och eis 2. Equipe déi en Densdeg mam Match doheem geint CS Grevenmacher sollt an d'Réckronn starten.

D'Matcher ginn zu engem speideren Zäitpunkt vun der FLF nei ugesat a sou séier wéi méiglech kommunizéiert.