INFO: Matcher vum Weekend erëm ofgesot


03 March 2018

Och dëse Weekend sinn erëm alleguer d'Fussballsmatcher am Land wéinst de Wiederconditiounen vun der FLF ofgesot ginn.

Während déi ausgefalen Matcher vun den zwou ieweschten Divisiounen direkt op en neien Datum festgeluecht gi sinn, bleiwen d'Datumer fir d'Nohuelmatcher an den Divisiounen 1, 2 an 3 souwéi och bei de Reserven onkloer.

Wann d'Temperaturen elo geschwënn rëm an d'Luucht ginn, da kënnen d'Fans sech op fussballintensiv Woche frëen, well duerch déi vill Ofsoen wäerten eng Reih Matcher ënnert der Woch misse gespillt ginn... affaire à suivre