Generalversammlung 2017


28 September 2017

E Mettwoch den 28. September 2017 huet dei alljährlech Generalversammlung vum Veräin zu Berbuerg am Beaurepaire stattfonnt.



Viru ville Memberen huet de Präsident Raoul Schummer d’Versammlung opgemaach andeems hien eng Reih Merci’en ausgeschwat huet an d’Saison 2016/2017 revuepasséieren gelooss huet.



Sportlech war et fir d‘éischt Equipe daat beschte Resultat an der Veräinsgeschicht, wou sie mat enger 3. Plaz an der éischter Divisioun nemmen knapps de Barragematch fir an d’Eirepromotioun verfehlt huet. Dogéint huet eis zweet Equipe leider wéinst engem Goal manner missten eng Divisoun erofgoen. Fir déi nei Saison ass mam Patrick Zöllner e neien Trainer engagéiert ginn fir d’Equipe weider ze entwéckelen. Eng Reih Spiller sinn ersat ginn an de Kader ass konsequent verjéngt ginn sou dass mir och fir déi nei Saison gutt opgestallt sinn.



An der Jugend gett weiderhinn op d‘Entente mat Grevenmacher a Biwer gebaut, déi de Präsident als Win/Win Situatioun fir all Bedeelegt bezeechent huet. Mat insgesamt 200 Kanner a Jugendlecher, bedreiwen déi dräi Verainer vill Aarbescht an e groussen organisatoreschen Opwand fir all Equipe an all Spiller beschtméiglech ze encadréieren.



Och niewt dem Terrain ass vill geschafft ginn. Déi sellege Manifestatiounen ware gutt besicht, an en neien Internetsite ass op d’Been gesat ginn a konnt am éischte Mount schon knapps 10.000 Clicks zielen. 2018 steet dann och nach de 70. Gebuertsdag vum Verain un, deen mat engem wierdegen Rahmenprogramm wäert gefeiert ginn.



Am Tätegkeetsbericht ass de Sekretär Raymond Lahr op all d’Aktiviteiten vum Veräin agaangen. Erauszehiewen bleift do dass den FC Berdenia Berbourg aktuell 177 Memberen zielt, wouvun 50 Jugendlizenzen sinn. Momentan sinn 3 Seniorsequipen an 10 Jugendequipen an der Entente am Asaz.



De Keessebericht vum Caissier Stephen Atkinson ass wéi gewinnt a leschteger Manéier a knappen 20 Minutten iwwert d’Bühn gaang. Dat negativ Resultat waat déi läscht Saison ennert dem Strech stoung ass duerch verschidden Elementer ze erklären wouvun natierlech de Finanzement vum Spillbetrieb wéinst deem gudde sportleche Resultat säin Deel dozou bäigedroen huet. D’Finanzprojektiounen fir déi laafend Saison gesinn viir dass d’Ausgaben weider an d‘Luucht ginn, allerdéngs ass op der Recettesäit, notamment am Sponsorberäich, vill geschafft ginn sou dass mat engem équilibréierten Exercice ze rechnen ass.



D‘Keesserevisoren Guy Thill a Georges Oswald hunn dest dann och bestätegt an déi exemplaresch Aarbescht vum Caissier erviirgehuewen. Si bleiwen dem Veräin an hirer Roll och weiderhin erhalen.



Ofschléissend huet d’Assemblée de Memberen vum Comité d’Décharge ginn fir hier Aarbescht an der vergaangener Saison an huet dei aktuell Comitésmemberen bestätegt an de Carlo Wampach als Neizougang am Comité opgeholl.



Zu gudder Läscht huet de Buergermeeschter vun der Gemeng Manternach Henri Frank sech et net huele gelooss fir d’Veräinsféirung ze luewen an huet besonnech dei sellegen gutt organiséiert Aktivitéiten, souwéi och de fräiwellegen Engagement an déi exzellent Jugendaarbescht erausgehuewen.



Duerno huet de Präsident Raoul Schummer d‘Generalversammlung zougemaach a jiddereen op e Patt an e Maufel invitéiert.



Fotogallerie: http://www.berdenia.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=2534