Eng Reih jonk Spiller wiesselen ob Berbourg


07 July 2017

Nôm erfollegräichen Penalty-Weekend schafft den Veräin weiderhinn um Kader fir déi nei Saison.

Niewt dem neien Trainer Patrick Zöllner an engen sëllechen Vertragsverlängerungen sin mam Sebastian Ting an Marc Mees jo och dei eischt Neizougäng scho bekannt.  

Nôm Ofgang vum Luc Muller wäerten och follgend Spiller nächst Saison den Trikot vum FC Berdenia nët mei
droën: Louis Lima da Luz, Ernad Sabotic, Idelson Pires Dos Santos, Christophe Da Cruz, Nadilson Dos Santos an Claudio Da Luz.  

Hinnen alleguer Merci fir hieren Asatz an eisem Veräin a bonne chance bei den neien Aufgaben.

Nodiems den Chris Sauber, Laurent Laugs, Jaspar Göpel an Yannick Freitas lescht Saison jo nëmmen temporaire zu Berbourg gespillt hunn, gouf elo mat hiere jeweilegen Veräiner en Accord fir en definitiven Wiessel erzielt. Mam Mohammed Alizadeh kënnt dann och e Spiller bei eis, dien seng éischt Fussballlizenz wäert man.

Dô dernierft wärten eng Reih vun eisen Juniorsspiller bei de Seniors mattrainéieren a gegebenfalls spillen a sou hir eischt Schrëtt am Seniorsberäich machen.
 
 Mam Joé Reuter konnt de Veräin ee jonken, talentéierten Keeper op Berbourg transfereiren. De Joé huet 25 Joer a war dei lescht Joeren Stammkeeper beim FC Blô Wäiss Itzeg.
Dô virdrun huet hien och zu Sandweiler an zu Péiteng gespillt. Seng Jugendausbildung huet en beim Swift Hesper gemaach. De Joé komplettéiert eisen Goalkeeperquartett mam Sam Faber, Georgi Hristov a Bob Schrantz, déi jo bekanntlech vum Daniel Becker trainéiert ginn.
 
Mam Mike Carvalho konnt den FC Berdenia e jonken, talentéierten Stiermer verpflichten. De Mike huet 18 Joer an war dei lescht 3 Saisonen an eiser Jugendentente aktiv bei de Cadets an de Junioren, wou hien zur Equipe gehéiert huet, déi d’Coupe du Prince konnt gewannen. Seng Lizenz haat den Mike awer bei der USBC01, vu wou mir hien also elo verpflicht hunn.  

Mam Moritz Habscheid wiesselt e gestaanenen Mëttelfeldspiller aus der däitscher Rheinlandliga bei den FC Berdenia. De Moritz huet 23 Joer an huet bis elo zesummen mat sengen 2 Bridder Nils an Tim (wiesselen alle beid bei den FSV Salmrohr) bei der SG Kyllburg gespillt.
 
All eisen Neizougäng, wënsche mir eng flott an erfollegräich Zukunft am Berbourger Veräin!