Elo bestellen: FC Berdenia Trikot
07 October 2017
LIMITEIERT AKTIOUN - BESTELLT ELO ÄREN TRIKOT VUM FC BERDENIA BERBOURG.
Eis 1. Equipe huet dëst Joer nei Uniformen kritt. Zesummen mat eisen Ausstattungspartner (Electricité Wampach, Rewe:XL Hundertmark, Fliesenfachgeschäft Wagner, Sportgiese an Immobilière Toussaint Abby) sinn d'Jongen fir déi nächst 3 Saison'en mat flotten orangen Trikot'en vu Jako équipéiert ginn.
D'Fans a Frënn vum Veräin hun elo déi eemoleg Méiglechkeet fir dësen Trikot als Fanartikel ze bestellen a soumat an Zukunft zu engem schéinen orangen Erscheinungbild rondrem den Terrain bäizedroën.
De Flyer mat allen Informatiounen fannt dir hei ennendrënner, oder an eisem online Fanshop op berdenia.lu.
Opgepasst: Dëst ass eng limitéiert Aktioun. D'Bestellungen ginn bis Sonndes de 5. November 2017 ugeholl.
Info: Als Standardnummer ass "48" hannendrop, Grënnungsjoer vum Veräin en vue vum 70. Gebuertsdag deen 2018 stattfënnt.
Bestellung per online Formular: http://www.berdenia.lu/index.php?site=page&id=fanshop-51714
FLYER A4_TRIKOT 2017.jpg