Don vun 2.700 Euro un SOS Kannerduerf

Scheckiwwerreechung



21 December 2017

E Mëttwoch, den 20. Dezember 2017 huet den FC Berdenia Berbourg zwee Schecken am Wert vun je 1.350 Euro un d’SOS Kannerduerf Lëtzebuerg iwwerreecht. Als Ofschloss vun der Aktioun « Gëllen Krëschtdeeg » hat de Veräin all d’Leit déi un dëser Aktioun bedeelegt waren, sou wéi och de Marc Cubaud vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg op Berbuerg an d’Buvette invitéiert fir d’Gesamtsomme vun 2.700 Euro feierlech ze iwwerreechen. Wéi ass et zu dësem Don komm? Am Laf vun der Hironn vun der aktueller Saison ass op Initiative vum Jorge Freitas d’Idee opkomm fir eng Tombola ze organiséieren wou all Lous gewënnt an de kompletten Erléis un e gudden Zwéck soll gestëft ginn. De Jorge huet Kontakt mam SOS Kannerduerf opgeholl fir dëst ze organiséieren an huet sech aktiv em d’Zesummestellen vun de Präisser gekëmmert. Ennert dem Motto « Gëllen Krëschtdeeg – d’Berdenia Boys hunn een Häerz aus Gold », konnt hien och séier d’Spiller an d’Veräinsverantwortlecher begeeschteren, sou dass queesch duerch de Veräin Präisser fir an d’Tombola gesammelt gi sinn. Op den Heemmatcher souwéi och um Mullenowend am Oktober, sinn dës Lousen dann vum Jorge an de Spiller vun der 1. an 2. Equipe fir 5 Euro d’Stéck verkaaft ginn – all Lous e Gewënner. Zum Schluss si bei dëser Aktioun insgesamt 1.350 Euro zesumme komm. Verschidde Leit waren suguer sou begeeschtert vun dëser Aktioun, dass sie spontan och wollten eppes derzou bäidroen. Sou ass dann lues a lues d’Idee entstanen fir den Erléis vu verschiddene Stänn um Wantermaart, deen den 1. Dezember zu Manternach vun der Forstverwaltung ANF organiséiert gi war, och dësem Zweck zoukommen ze loossen. D’Christina Kuhn an den Ingor Meuleman hunn Tarte flambée gemaach, de Fränz Leruth an den Änder Speicher hu Schwéngsbrod gekacht, an d’Leit aus dem Comité hu Glühwäin an aner Gedrénks verkaft. Sou huet den FC Berdenia nach eng Kéier eng opgeronnten Somme vun 1.350 Euro zesummekritt fir och dës un d’SOS Kannerduerf ze spenden. Duerch dësen Engagement sinn insgesamt 2.700 Euro fir de gudden Zweck zesumme komm. All de Leit déi matgemaach hun, souwéi och de Geschäftsleit aus der Regioun, a besonneg dem Jorge, deen dës fantastesch Aktioun an d’Liewe geruff huet, en décke Merci. Waat passéiert mat de Suen? Den Här Cubaud vum SOS Kannerduerf huet sech fir d’Ennerstëtzung bedankt an ass an enger kuerzer Presentatioun op d’Ziler an d’Aktivitéiten vum SOS Kannerduerf agaangen. De Finanzement vum administrativen an alldeeglechen Fonctionnement gëtt zwar zu engem groussen Deel vum Staat iwwerholl, allerdéngs bleift do wéineg bis guer kee Spillraum fir op déi eenzel Besoin’en vun de Kanner anzegoen. Esou Don’en wéi deen vum FC Berdenia Berbourg kommen zu 100% bei de Kanner un an erméiglechen de Responsablen vum SOS Kannerduerf speziell Therapien an Aktivitéiten fir sie ze organiséieren, wéi z.b. eng déiregestützten Pedagogik oder eng berufs- a liewensviirbereedend Ausbildung, fir besser mat hierem schwéiere Schicksal an hieren deelweis traumateschen Erliefnisser emzegoen. Desweideren kennen doduerch och Fräizäitaktivéiten ugebueden ginn, wéi z.B. emol an de Kino ze goen oder en Ausfluch ze maachen, oder och nach Spillsaachen ze kaafen, wourops hin eis Aktioun jo vun Ufanks un ofgezilt hat. Mir si frou fir de Kanner duerch dës Aktioun gehollef ze hunn hir Liewensituatioun e Stéck wäit ze verbesseren a wënschen hinnen schéi Feierdeeg. « Gëlle Krëschtdeeg » deemno fir jiddereen. Hei nach eng Keier de Link vun der Aktioun « Gëlle Krëschtdeeg »: http://www.berdenia.lu/index.php?site=page&id=news&newsID=11630