70 Joer FC Berdenia Berbourg


03 March 2018

Gegrënnt am Joer 1948, feiert den FC Berdenia Berbourg dëst Joer séng 70 Joer. Am Kader vun dësem Anniversaire ass en Organisatiounscomité an d'Liewe geruff ginn fir e flotte Programm op d'Been ze stellen. Eng Reih sportlech Rendez-Vous'en si geplangt, souwéi och d'Publikatioun vun enger Brochure mat der Revue vun de läschten 20 Joer vum Veräin.

PROGRAMM 70 JOER:

14.-17. Juni 2018: semaine sportive

  • Donnesteg 14.06: Scolaires & Cadets
  • Freideg 15.06: Veterans
  • Samsdeg 16.06: Bambini, Poussins & Seniors 2
  • Sonndeg 17.06: Pupilles, Minimes & Juniors
9.-12. August 2018: Summercoupe "70 Joer"

11. August 2018: Galamatch am Stade Renert

Hennes Weisweiler Elf (Borussia Mönchengladbach Traditionsmannschaft) - FLF Allstars Team

5. Januar 2019: Ofschlossgala mat Publikatioun vun der Brochure


Fir d'Frais'en vun alldeem ze decken, si mir och op Don'en a Sponsoring vun eise Fans a Sympathisanten ugewisen. Privatleit, Betrieber a Veräiner déi sech wëllen bedeelegen kënnen sech beim Marc Kubica (mkubica@pt.lu) oder Guy Thill (guyt@pt.lu) mellen. Merci!

Organisatiounscomité: Atkinson Stephen, Bamberg Christian, Benner Norb, Da Silva Jessica, François Laurent, Gansen Corinne, Hoffmann Claude, Hubert Tom, Kubica Marc, Lahr Raymond, Leruth Fränz, Pitzen Marc, Raths Max, Schummer Raoul, Theisen Claude, Thill Guy, Wampach Carlo, Wampach Claude, Wampach Daniel

Weider Informatiounen fannt dir op eiser Internetsäit 70 Joer