Info: Nohuelmatcher


04 December 2017

De Match vum 13. Spilldag géint den FC Mondercange, deen geschter 3. Dezember wéinst dem Schnéi ofgesot ginn ass, gëtt eréicht am Joer 2018 nogeholl. De genauen Datum gëtt zu engem speideren Zäitpunkt vun der FLF matgedeelt.



De Match vum 10. Spilldag géint Red Black Egalité Pfaffenthal-Weimerskirch, deen jo schon den 12. November weinst dem ville Reen ofgesot gi war, soll awer wéi geplangt nächste Sonndeg 10. Dezember gespillt ginn (16h00 am Pafendall). Falls dee Match awer kuerzfristg misst ofgesot ginn, fënnt en och eréicht 2018 statt.

### Update 09.12.2017: de Match ass ofgesot a gëtt réicht 2018 gespillt. ###



Ausserdeem ass nach net bekannt wéini de Match vun eiser zweeter Equipe géint Red Boys Aspelt soll nogeholl ginn. De Match war jo de 24. November ofgesot ginn well den Uespelter Terrain net bespillbar war.