2
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Berdenia Berbourg...
News

SENIORS 1: Endlech 3 Punkten géint Bartréng

An den éischten 20-25 Minutten spillt Berbourg gutt mat an huet méi Spillundeeleer, et ginn e puer gutt Aktiounen no viir, virun allem iwwer d'Säiten. Virum Goal fehlt et allerdéngs un der läschter Konsequenz. Bartréng ass an där Phase virun allem mat laange Bäll op Konter geféierlech.





An der 26. Minutt erobert de Manuel Kaufmann

Manuel Kaufmann
 de Ball an der Defense, geet e puer Meter a probéiert mëtteg duerch d'Ofwier ze stiechen. Den Daniel Contrino
Daniel Contrino
 kann de Ball glécklech mathuelen a sicht den Ofschloss vu gutt 20 Meter, deen awer däitlech laanscht de Goal geet.





Nemmen 2 Minutten méi speit setzt den Achmed Boussi sech gutt iwwer riets duerch a flankt vun der Goallinn op den 11er wou de Sebastian Ting
Sebastian Ting
 fräi steet an Zäit huet fir zum Säitfallzieher unzesetzen. Dee geet an de Filet an domat ass et 1-0 fir Berbourg.





Direkt no der Halschent ass Berbourg nach net wakreg a kritt an der 46. Minutt den 1-1 geschoss. Knapps nom Ustouss gëtt eng Aktioun iwwer déi riets Berbourger Säit ageleed wou de Suvad Spahic
Suvad Spahic
 eng laang Flank an d'Mëtt bréngt. De Ball geet iwwert de Keeper a fennt den Daniel Contrino
Daniel Contrino
, dee rem zréck flankt op den Achmed Boussi, deen um zweete Potto kann zum 2-1 annetzen.





An der 51. Minutt, bréngt Bartreng en éier harmlose Ball aus 20 Meter op de Goal. De Sam Faber kann deen net festhalen an déviéiert an de Korner. Dëse Korner ass net gutt geschoss, mee gëtt awer geféierlech sou dass de Stiermer an der Mëtt vun der Berbourger Passivitéit profitéieren an op 2-2 egaliséieren kann.





An der 65. Minutt gëtt e Berbuerger Konter iwwer lénks gutt ausgespillt. No villem Hin an Hier kennt de Sebastian Ting
Sebastian Ting
 aus 20 Meter zum Ofschloss. De Keeper kann de Ball awer in extremis ënnert der Laat erausfeschen.





Zwou Minutten méi spéit geet den Achmed Boussi iwwer riets, fennt um kuerze Potto de Rayane Laouira
Rayane Laouira
, deen aus kuerzer Distanz awer nemmen laanscht de Goal käppt.





Déi läscht 20 Minutten kann Berbourg an der Iwwerzuel spillen. No engem Tackling vun hannen op den Achmed Boussi, kritt déi Bartrénger Equipe e Mann vum Terrain gesat. An der Uschlossszen, kennt rem eng Flank vun der Berbourger rietser Säit, déi de Bartrénger Verteideger ouni gréisser Bedrängnis an den eegene Goal zum 3-2 fir Berbourg erasetzt.





An de Schlussminutten ginn et nach e puer Opreeger op béide Säiten, woubäi Berbourg 2-3 gutt Chancen net notze kann. Quasi mam Schlusspëff vum Arbitter ka Berbourg de läschte Goal vum Match markéieren. Op Viiraarbescht vum agewiesselten Eric Galetto
Eric Galetto
 kann de Sebastian Ting
Sebastian Ting
 d'Endresultat op 4-2 eropsetzen. Domat bleiwen déi 3 Punkten zu Berbourg... déi komme gutt sou kuerz virun der Wanterpaus.





Equipe: Sam Faber, Suvad Spahic
Suvad Spahic
, Ibrahim Diop
Ibrahim Diop
, Daniel Benner
Daniel Benner
, Charel Weidert
Charel Weidert
, Manuel Kaufmann
Manuel Kaufmann
, Sebastian Ting
Sebastian Ting
, Danny Leconte, Daniel Contrino
Daniel Contrino
, Achmed Boussi, Rayane Laouira





Reserve: David Schuster
David Schuster
, Chris Sauber
Chris Sauber
, Nicolas Oswald
Nicolas Oswald
, Joé Reuter
Joé Reuter
, Eric Galetto


Geschrieben von ClaudeH, am 19.11.2017 um 19:05 Uhr.


FC Berdenia Berbourg
 
FC Sporting Bertrange
FC Berdenia Berbourg
4:2
FC Sporting Bertrange


    Melde dich anhand eines sozialen Netzwerkes an:

    oder erstelle ein neues Konto hier:
    Benutzername 
    Vorname 
     
    Nachname 
     
    E-Mail 
    Passwort 
     
    Passwort wiederholen 
     
    Land 
     
    Geburtstag 
     
     
      ?
      Ja              Nein 
     
     Ich akzeptiere die Nutzungsbedingungen und die Datenschutzregelung
    Die Webseite von ist ein Teil von Sport50-Network. Du kannst also ganz entspannt alle Internetseiten in unserem Netzwerk durchstöbern ohne dich jedes mal registrieren und einloggen zu müssen.
    oder

    Du hast schon ein Konto? Melde dich hier an: