4
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Berdenia Berbourg...
News

SENIORS 1: Derby géint den Tabelleleader

FC Berdenia Berbourg - FC Jeunesse Junglinster 1-2


/


Am Derby war dese Weekend den Tabellenéischten vu Jonglenster op Besuch am Stade Renert. 





Vun Ufank un war et en ausgeglachene Match op Aaenhéicht. Sou ass et och déi eng oder aner Chance op béide Säite ginn ouni dass et awer geféierlech ginn ass. Lues a lues ass Jonglenster awer besser an de Match komm, virun allem mat méi Dynamik am Mettelfeld.





An der 17. Spillminutt geléngt et dem Géigner dann och eng Spilleröffnung iwwert déi riets Säit ze maachen wourops hinn eng Flank an d´Mett kennt an de Stiermer ganz alleng stoend zum 1-0 annetzen kann.





No ronn 30 Minutten gett e Befreiungsschlag vum Manuel Kaufmann

Manuel Kaufmann
 zu enger Grousschance fir eis Faarwen. Den Ahmed Boussi
Ahmed Boussi
 profitéiert vun engem Stoppfehler an der Ofwier a geet alleng op de Goal. De Keeper kann säin Schoss aus spatzem Wénkel awer an de Korner ofwieren. Och dee kennt gutt op de laange Potto a kann allt rem vum Lenster Keeper paröiert ginn.





Kuerz drop profitéiert den Ahmed Boussi
Ahmed Boussi
 scho rem vun engem Ofwierfehler a kann iwwert déi lénks Säit bis op d'Linn zéihen. Hien bréngt eng schéin Flank op de laange Potto wou den David Schuster
David Schuster
 ganz fräi steet. Hien kann des 100%eg Chance awer net notzen a käppt aus kuerzer Distanz niewt de Goal.





An der 35. Minutt geet de Charel Weidert
Charel Weidert
 op 20 Meter an en Zweekampf deen vum Arbitter als Fehler um Lenster Spiller gewert gett. De Fräistouss gett direkt ausgefouert a geet gutt platzéiert op de Goal, mee de Sam Faber mecht sech gaanz laang a kann de Ball aus dem Eck feschen.





Direkt am Géigenzuch rem e laang Ball an d´Spetzt wou den Rayane Laouira
Rayane Laouira
 sech duerchsetze kann an de Ball iwwer de rausgelafene Keeper lupft. Leider tupt de Ball just virum eidele Goal op a spréngt iwwert d'Laat.





Rem eng Minutt méi speit dann en Opreeger op der aanerer Säit wéi Jonglesnter aus kuerzer Distanz d'Laat trefft.





Direkt no der Halschent geet Jonglenster mat 2-0 a Féirung. Eng Aktioun iwwer eis riets Säit, wou de Stiermer an der Mett ugespillt gett a sech duerchsezte an zum 2-0 erasetzen kann.





Duerno gett de Match engem Derby dann gerecht mat méi bessegen Szenen a vill rop a rof ouni grésser Chancen.





An der 65. Minutt mecht de Pit Wagner
Pit Wagner
 e schéine Säitewiessel vun hannen eraus op den Ahmed Boussi
Ahmed Boussi
. Deen geet säitlech an 16er a bréngt eng Flank op den zweete Potto wou den agewiesselten Eric Galetto
Eric Galetto
 mam Kapp op 2-1 verkierzt.





Duerno flaacht de Match bessen of, no engem intensiven Ufank vun der zweeter Halschent ass an der Schlussphase d'Loft raus. Zwar versicht Jonglenster nach de Sak zouzemaachen a Berbuerg de Punkt ze retten, mee béide Formatiounen geléngt näischt Nenneswertes méi. sou dass et beim 2-1 fir den Tabelleleader bleift.





Equipe: Sam Faber, Daniel Benner
Daniel Benner
, Charel Weidert
Charel Weidert
, Manuel Kaufmann
Manuel Kaufmann
, Suvad Spahic
Suvad Spahic
, Marc Mees
Marc Mees
, Pit Wagner
Pit Wagner
, Sebastian Ting
Sebastian Ting
, Ahmed Boussi
Ahmed Boussi
, David Schuster
David Schuster
, Rayane Laouira





Reserve: Joé Reuter
Joé Reuter
, Chris Sauber
Chris Sauber
, Danny Leconte, Daniel Contrino
Daniel Contrino
, Eric Galetto





Fotoen: http://www.berdenia.lu...id=gallery&galleryID=2630


Geschrieben von ClaudeH, am 05.11.2017 um 22:42 Uhr.




    Melde dich anhand eines sozialen Netzwerkes an:

    oder erstelle ein neues Konto hier:
    Benutzername 
    Vorname 
     
    Nachname 
     
    E-Mail 
    Passwort 
     
    Passwort wiederholen 
     
    Land 
     
    Geburtstag 
     
     
      ?
      Ja              Nein 
     
     Ich akzeptiere die Nutzungsbedingungen und die Datenschutzregelung
    Die Webseite von ist ein Teil von Sport50-Network. Du kannst also ganz entspannt alle Internetseiten in unserem Netzwerk durchstöbern ohne dich jedes mal registrieren und einloggen zu müssen.
    oder

    Du hast schon ein Konto? Melde dich hier an: