SENIORS 1: Out an der Coupe FLF

Foto vun Norb Benner



31 October 2017

FC Berdenia Berbourg - FC Mondercange 0-3

/

An der Coupe FLF war e Sonndeg de 6. aus der éischter Divisioun (Monnerech) op Besuch beim 8. (Berbourg).



An der 3. Minutt gëtt ët direkt den éischten Opreeger. Den David Schuster gëtt vum Marc Mees an d'Déift gespillt, geht Richtung Goal a schéisst op d'Laat.



An der 7. Minutt huet et awer op der aanerer Säit gerabbelt. En Ugrëff iwwer riets, eng Flank an de Manuel Kaufmann dégagéiert de Ball onglécklech an den eegene Goal. 0-1 fir Monnerech.



Duerno ass de Match ausgeglach, a réicht an der 20. Minutt kënnt e laange Ball vu Monnerech no vir. De Stiermer leeft alleng op den Goal. De Joé Reuter kennt gudd eraus a rett d'Situatioun.



Déi gréisste Chance vum Match haten déi Berbuerger an der 35. Minutt. Den David Schuster gëtt gudd iwwer riets geschéckt, mecht eng gudd Flank op den 2. Poteau, den Daniel Contrino kritt de Ball nemme kuerz virum eidele Goal awer net iwwer d'Linn gedréckt. Dem Rayane Laouira geléngt et dodropshin de Ball mat der Hack an den Gol ze schéissen, kritt de Goal awer wéinst Abseits oferkannt.



No der Paus schéckt den Dany Leconte den David Schuster iwwer riets, deen zitt laanscht säi Géigespiller Richtung Goal a verzitt nëmmen knapp laanscht de Goal. An der 60. Minutt nach eng gudd Chance fir Berbourg wéi den Dany Leconte alleng op de Goal geet an e Lupfer aus 16 Meter nemmen knapp iwwer de Goal setzt.



E katastrophalen Ballverloscht am Mettelfeld féiert zu engem Konter fir de Géigner, deen dës Geleegenheet äiskaalt ausnotzt an an der 65. Minutt op 0-2 erhéicht.



No engem laange Ball verlängert de Rayane Laouira an der 70. Minutt op den David Schuster, deen hëllt de Ball volley, geet awer knapp laanscht den Goal.



An der Schlussphase ka Monnerech vun engem weideren Stellungsfehler profitéieren a rem op Konter zum 0-3 Endresultat markéieren.



Mat enger staark deziméierter Berbuerger Equipe, an trotz vereenzelter gudder Aktiounen, ass dëse Match leider verdéngt verluer gaangen. Domat ass d'Aventure an der Coupe FLF fir dës Saison eriwwer.



Équipe : Joé Reuter, Charel Weidert, Manuel Kaufmann, Daniel Benner, Chris Sauber, Pit Wagner, Marc Mees, Danny Leconte, Daniel Contrino, David Schuster, Rayane Laouira



Reserve: Sam Faber, Paulo Lopes, Nicolas Oswald, Bartosz Bagiensky



Fotoen: http://www.berdenia.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=2622