Gëllen Krëschtdeeg: jiddereen ass e Gewënner


17 October 2017

Léif Supporter, Memberen a Frënn vum FC Berdenia Berbourg.



De Seniorsberäich vum FC Berdenia Berbourg organiséiert dëst Joer hier éischt "Gëllen Krëschtdeeg". Mir hoffen mat äerer Hëllef dëst dann zu enger Traditioun wuessen ze loossen.



"Gëllen Krëschtdeeg", well eis Berdenia Boys een Häerz aus Gold hunn a well fir dës Aktioun eis Lousen goldwert sinn.



De Start vun der Aktioun war de läschte Freideg op eisem traditionnellen Mullenowend a gëtt op eisen Heemmatcher bis an d'Wanterpaus fortgefouert.



All Lous ass een Gewënner!

Maacht also mat!



Desweideren verspille mir um Heemmatch géint Wuermer den 22. Oktober an um Heemmatch géint Jonglënster den 5. November jeweils e Kaartespill wou ët ëm eng ganz gekachten Ham, respektiv ëm eng ganz réih Ham a verschidden Trouschtpräisser geet.



Mir sinn Berbuerg... an nach vill méi!



Keen eidele Sproch, mee eng Art zesummen ze liewen, de Fussballl ze liewen an ze erliewen. An enger Welt wou nët ëmmer alles an der Reih ass a wou den Egoismus an d'Selbstverständlechkeet munchmol Iwwerhand hëllt, war et eise Jongen wichteg, een Zeechen ze setzen.



Mat der Fondatioun SOS Kannerduerf vun Miersch hu mir do e Partner fonnt, deen eis um Häerzen läit. Mam kompletten Erléis vun dëser Aktioun beschenke mir d'Kanner vun SOS Kannerduerf fir Krëschtdaag an ënnerstëtzen déi Fondatioun mat Häerz!



Villmols Merci un eis Spiller, Supporter, Memberen, Comitésmemberen, Sponsoren a Geschäftsléit aus der Regioun fir hiir Ënnerstëtzung.



Mir sinn Berbuerg!