Berbourg trauert


11 October 2017

Den F.C. Berdenia Berbourg huet die traureg Flicht den Doud vun sengem fréieren Matspiller an Jugendtrainer, dem Pierre Manzangala matzedeelen.



Hien ass den leschten Weekend ganz Onerwaart am Alter vun nëmmen 48 Joer zu Kinshasa verstuerwen.



Den Pierre war ënnert sengen Matspiller aus der 1. Equipe vun 2005 - 2009 ëmmer ganz beléift, en huet mat senger Aart an Weis seng Coequipier ëmmer matgezunn kritt, och wann et emol eng Kéier net esou gutt um Terrain gelaf ass.



Mat him verléisst eis eng gestanen Perséinlechkeet aus dem Lëtzebuerger Fussball, deen seng Qualitéiten iwwert vill Joren op deem héchsten Niveau an der Nationaldivisioun ënnert Beweis gestallt huet.



Léiwen Pierre, mir wäerten dech ëmmer an beschter Erënnerung behalen.







Den Comité, d’Memberen an d’Spiller vum Veräin soen dir Merci