2
Neu hier? Jetzt anmelden! |
 
Sport50
Du bist noch kein Fan von FC Berdenia Berbourg...
News

SENIORS 1: Berbourg schléit sech selwer

FC Berdenia Berbourg - FC The Bevlal Belvaux 1-2
/
3‘: Berbuerg féiert den éischten Korner kuerz aus, den Eric Galetto
Eric Galetto
 zitt mam Ball an de Strofraum a sicht den Ofschloss. Bei séngem Schoss steet de Keeper um 1. Potto an huet kee Problem de Ball ze halen.

7’: Berbuerg gräift iwwert déi riets Säit un. Dem Suvad Spahic
Suvad Spahic
 séng Flank probéiert de Rayane Laouira
Rayane Laouira
 mat engem Fallrückzieher ze verwäerten, trëfft de Ball dobäi awer net richteg.

10’: Berbuerg nach emol mat engem kuerz ausgefouerten Korner, dem Eric Galetto
Eric Galetto
 säi Schoss gëtt vum Keeper gehal.

11’: Den Eric Galetto
Eric Galetto
 schéckt de Rayane LAOUIRA an d'Déift, de Keeper spillt awer gutt mat an ass virun him um Ball.

15’: De Rayane Laouira
Rayane Laouira
 setzt sech géint 2 Bieleser duerch, zitt mam Ball Richtung Strofraum, probéiert dann de Sebastian Ting
Sebastian Ting
 flaach unzespillen, d‘Pass gëtt geblockt, dorops hin probéiert hien et nachmol mat engem Schoss, deen awer zentral op den Keeper geet.

19’: Flank vum Suvad Spahic
Suvad Spahic
. De Sebastian Ting
Sebastian Ting
 käppt laanscht den Goal.

24’: Flank vum agewiesselten Daniel Contrino
Daniel Contrino
. De Bieleser Verteideger kläert mam Kapp, woubäi de Ball ganz knapp laanscht den eegenen Goal geet.

25’: No engem Korner kennt den Eric Galetto
Eric Galetto
 zum Oofschloss. Saï Schoss geet awer iwwert den Goal.

31’: Déi éischt richteg Chance fir Beles. Beim Schoss vum Bieleser Spiller muss de Joé Reuter
Joé Reuter
 sech strecken fir den Ball aus dem laangen Eck ze fëschen.

32’: 0-1 fir Bieles. No engem individuellen Feeler vun engem Berbuerger profitéiert de Bieleser Stiermer a bréngt séng Faarwen a Féierung.

37’: 0-2 fir Bieles. No engem Konter vu Bieles, trëfft fir d‘éischt ee Bieleser den Potto, saï Matspiller huet kee Problem den Ofpraller aus knapp 5m iwwer d'Linn ze drécken.

43’: De Fräistouss vum Sebastian Ting
Sebastian Ting
 gëtt an den Korner geklärt. Duerch de Korner kënnt et zu Gewulls am Strofraum, de Rayane Laouira
Rayane Laouira
 leet zréck op den Daniel Benner
Daniel Benner
, saï Schoss geet awer laanscht den Goal.

Paus 0-2

50’: Nach emol een individuelle Fehler op Berbuerger Säit, no enger ze kuerzer Réckpass kann Bieles de Cadeau awer net unhuelen, de Schoss geet laanscht den Goal.

52’: No enger Flank vum Suvad Spahic
Suvad Spahic
 leet den Eric Galetto
Eric Galetto
 de Ball zréck op den Daniel Benner
Daniel Benner
, saï Schoss aus 20m geet laanscht den Goal.

57’: De Marc Mees
Marc Mees
 bréngt e Fräistouss aus der eegener Halschent virun de Bieleser Goal, den Eric Galetto
Eric Galetto
 kënnt un de Ball a leet en queesch op de Sebastian Ting
Sebastian Ting
. Dësen kënnt awer net zum Ofschloss well de Keeper gutt matspillt a virun him um Ball ass.

62’: Den Dany Leconte
Dany Leconte
 spillt op den Daniel Contrino
Daniel Contrino
, deen bréngt de Ball am Goal ënner, gëtt awer vum Schiedsrichter zréck gepaff well hien am Abseits stoung.

67’: Berbuerg verléiert de Ball am Mëttelfeld, Bieles spillt schnell no vir a sicht den Oofschloss, de Ball geet awer knapp laanscht den Goal

71’: Bieles kënnt nach emol zum Oofschloss, de Joé Reuter
Joé Reuter
 huet awer kee Problem mat dësem Ball.

74’: Den Daniel Contrino
Daniel Contrino
 gëtt an d'Déift gespillt, mat séngem Oofschloss huet de Keeper awer keng Grouss Problemer.

76’: Nach eng Kéier den Daniel Contrino
Daniel Contrino
 iwwer riets. Séng Flank kënnt iwwer Ëmweeër bei de Sebastian Ting
Sebastian Ting
 deen och direkt den Oofschloss sicht. De Keeper kann nëmmen klatschen loossen, beim Noschoss geléngt et dem Rayane Laouira
Rayane Laouira
 net fir de Ball aus 5m am Goal ënnerzebréngen.

85’: Flank vum Sebastian Ting
Sebastian Ting
 op den Ibrahim Diop
Ibrahim Diop
, deem saï Kappball geet awer laanscht den Goal.

89’: No engem Korner vum Eric Galetto
Eric Galetto
 kënnt den Ibrahim nach eng Kéier zum Kappball, deen de gudden Bieleser Keeper ënnen aus dem Eck fësche kann.

90’+5: De Sebastian Ting
Sebastian Ting
 dréint een Korner direkt ran a verkierzt an der Nospillzäit nach op 1-2.

Endstand 1-2

Fazit vum Match: Berbourg schléit sech selwer an deem se de Géigner bei den zwee Geigengoaler zwee mol duerch individuell Fehler oder Fehler am Spillopbau agelueden hunn. Sou Fehler hunn eis schonn an der Woch géint den CS Sanem Punkte kascht! Dës gëllt et elo ofzestellen fir an de kommende Matcher zu besseren Resultater ze kommen.

Equipe: Joé Reuter
Joé Reuter
, Suvad Spahic
Suvad Spahic
, Marc Mees
Marc Mees
, Ibrahim Diop
Ibrahim Diop
, Daniel Benner
Daniel Benner
, Jaspar Göpel
Jaspar Göpel
 (61. Dany Leconte), Pit Wagner
Pit Wagner
, Sebastian Ting
Sebastian Ting
, Eric Galetto
Eric Galetto
, Ahmed Boussi
Ahmed Boussi
 (16. Daniel Contrino), Rayane Laouira

Reserve: Sam Faber, Dany Leconte
Dany Leconte
, Daniel Contrino
Daniel Contrino
, Chris Sauber
Chris Sauber
, Manuel Kaufmann

Den nächste Match ass e Sonndeg 8. Oktober 2017 um 16h00 zu Berbuerg géint Yellow Boys Weiler-la-Tour


Fotogalerie: http://www.berdenia.lu...id=gallery&galleryID=2550

Geschrieben von ClaudeH, am 04.10.2017 um 12:28 Uhr.


FC The Belval Belvaux
 
FC Berdenia Berbourg
FC The Belval Belvaux
2:1
FC Berdenia Berbourg


    Melde dich anhand eines sozialen Netzwerkes an:

    oder erstelle ein neues Konto hier:
    Benutzername 
    Vorname 
     
    Nachname 
     
    E-Mail 
    Passwort 
     
    Passwort wiederholen 
     
    Land 
     
    Geburtstag 
     
     
      ?
      Ja              Nein 
     
     Ich akzeptiere die Nutzungsbedingungen und die Datenschutzregelung
    Die Webseite von ist ein Teil von Sport50-Network. Du kannst also ganz entspannt alle Internetseiten in unserem Netzwerk durchstöbern ohne dich jedes mal registrieren und einloggen zu müssen.
    oder

    Du hast schon ein Konto? Melde dich hier an: